D’Video- a Printcampagne gräift 8 Themen op

Konflikter

An ärer Equipe brécht e Konflikt aus? Dir sidd hëlleflos vis-à-vis vun dëser Situatioun a wësst virun allem Dir net wéi Dir sollt handelen fir dës ganz ugespaant Situatioun ze entschäerfen. Dat Bescht wier gewiescht dës Spannungen ze vermeiden andeems een op d'Besoinen an d'Frustratioune vun all Mënsch opgepasst hätt… Tatsächlech kann en onkontrolléierte Konflikt bedeitend Konsequenzen an ärer Gemeng oder an all ëffentlechem Déngscht hunn, Iech demotivéieren oder souguer zum Burnout féieren.

Kuckt Iech dëst Thema un

Stress

Aarbechtsstress trëtt op, wann et en Desequiliber gëtt tëscht der Perceptioun, déi eng Persoun vun de Contrainten vun hirem Ëmfeld huet, an hiren eegene Ressourcen fir déi Contrainten ze bewältegen.
All professionnell Aktivitéiten, egal ob se op engem Chantier oder an engem Büro gemaach ginn, hu kierperlech Ufuerderungen (Bewegunge maachen, Laaschten droen, eng Haltung unhuelen) awer och mental Ufuerderungen (kognitiv Gestioun vun Informatioun an Emotiounen).

Kuckt Iech dëst Thema un

Ängschten

Wat maachen, wann Dir Angscht hutt mat engem Mataarbechter ze schwätzen? Virun all Mënsch an enger Versammlung ze schwätzen? Oder och permanent ze gleewen, datt d'Leit schlecht iwwer Iech hannert ärem Réck schwätzen.
Wann Dir net méi kloer iwwer esou Situatiounen nodenke kënnt, wann d‘Panik dacks Iwwerhand gewënnt an Dir Iech ëmmer méi isoléiert, musst Dir reagéieren.

Kuckt Iech dëst Thema un

Mobbing

Sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz ass eng mëttlerweil bekannten Tatsaach, déi mat berüchtegte Fäll wéi der Affaire Weinstein oder #metoo scho vill mediatiséiert ginn ass. Dëst illegal Verhalen bréngt ganz sérieux Konsequenzen fir d'Gesondheet an d'Integritéit vun den Affer mat sech. Awer och d'Firmen, wou sou eppes stattfonnt huet, hei och den ëffentlechen Déngscht, hunn e gewëssen Deel vu Verantwortung ze droen.

Kuckt Iech dëst Thema un

Depressioun

Mat Schwieregkeete konfrontéiert ze sinn, kann eis traureg maachen oder eis an e Lach geheien. Mee ass et just eng kuerzfristeg Flemm? Sou eppes kann e bëssen undaueren. Awer wann et bis méi wéi zwou Wochen dauert, an Dir kee Wee fannt, dass et Iech besser geet, kënnt Dir eventuell duerch eng depressiv Episod goen.

Kuckt Iech dëst Thema un

Suergen ëm e Kolleg

Wa mir eis Suergen ëm en Aarbechtskolleg maachen, wësse mir net ëmmer wéi mir reagéiere sollen. Soole mir mat him schwätzen oder net?
Et ass schwéier awer et ass och ouni Zweiwel dee beschte Wee fir eng éischt Ënnerstëtzung ze ginn.
Allerdings ass et ëmmer besser bei de Fakten ze bliewen, wéi eng Haltung oder eng Situatioun z'interpretéieren.

Kuckt Iech dëst Thema un

Alkohol a seng Sucht

„Ëch well manner drénken a kréien et net hin“
De Problem ze erkennen ass net ëmmer einfach, awer et ass e ganz wichtegen éischte Schratt.
Wann Dir dës Motivatioun hutt an Ënnerstëtzung an Hëllef an ärem Prozess braucht, kontaktéiert eis.

Kuckt Iech dëst Thema un

Aarbechtsiwwerlaaschtung

Wann Dir Iech iwwerlaascht fillt, datt d'iwwerschësseg Aarbecht fir Iech oniwwerwannbar schéngt, kann de Stress Iech iwwerwältegen. Awer sidd Dir et eleng oder ass et d'ganz Equipe, déi dës Iwwerlaaschtung erlieft? Ass är Hierarchie doriwwer informéiert oder ass se guer net dorun interesséiert?
Esou vill Froen, déi sech stellen.

Kuckt Iech dëst Thema un